( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
7:00 Auer am Hafen. 8:00 raus opt d'Sich no eisem Chauffeur a Guide fir een Tour no Süden an d'Naturschutzgebiet bis bei d'Sandwichbay ze maachen. Heen huet baussend dem Hafen op eis gewaart a mir sen zu 5 lassgefuer. Et war den Eckerhard (Ecki), an 3. Generatioun a Namibien.
Mir se laanst d'Bucht gefuer an deer ganz vill Flamingoën liewen: 2 Zorten Déi gruss mat engem schwaarze Schniewel an déi besse mi Kleng mat engem rosae Schniewel.
Mir kummen laanst eng Salzfabrek mat immens gruussen Verdonstungsbecken. Hei gi pro Jar 100 Milliounen Liter Waassrer verdonst fir 1 Millioun Tonne Salz aus dem Meer ze zéien.
Iwert d'Plage, newemt dem Meer, dat kräftig Wellen huet ( et bliist emmer e kräftigen SW-Wand) se mer bis bei den 3. vun de namibischen Nationalparke gefuer: de Namib Naukluftpark. D'Namibier schützen hir Emwelt ganz gudd !
De Paark geet u mat engem fréieren Flossdelta, dem sengt Waasser duerch Versandung net mi bis bei d'Meer kënnt. Et versickert weit am Landesinneren a zéit enneriirdich virun, su dat hei lo nach vill Grondwaasser ass a Planze su hei liewe kënnen.
Laanst d'Küst vu Namibia fléisst de Benguelastroum, de kal ass well e vum Südpol no Norden fléisst. Et reent vleicht pro Jar 13 mm Waasser; dofir ass awer vill Niwel do an d'Planzen an d'Déieren senn dorun ugepasst. Si kënnen d' Fiichtigkeet aus der Loft opfinken a benotzen. D'Planzen, déi hei wuessen, ernähren eng Rei Déieren: Springböck. Oryx, Hyänen, Strausser (hate mer keng fonnt), Insekten (Mécken, Libellen, Peiperlecken) . Si liewe vun de Bléien, den emgewandelte Blieder, de Friichten. Eng vun deene ganz interessante Plazen ass d'Nara, e Kürbisgewächs. Déi huet guer keng Blieder mi, just laang Picken, déi awer greng senn fir d'Photosynthese. De Stengel ass och greng, Seng Fruucht ass ganz nährhaft a gett och vum Mensch benotzt fir Uelig ze maachen.
Bei der Sandwichbay ukom, se mer rop an d'Dünen gefuer. Fantastisch Vüën vun iwer 100 m Hicht rof opt d'Mier an och an de ganzen Dünegürtel, de bis zu 40 km breet ass.
Tëschent den Dünen se su eng Kesselen, déi bis zu 70 m mi déif leien a ronn sen. Do wiist da rem eppes, well d'Planzen do u Grondwaasser kommen an d'Fiichtigkeet vum Niewel sich do sammelt. Hei fënnt een dann och déi gruuss Déieren.
Duerch den Delta, de "greng" ass, se mer rem opt d'Plage gefuer ( et war lo Flut) zréck bei d'Scheff wu mer em 15:00 Auer ukummen.
Ganz flotten Tour!