Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Durban 28. Januar 2024

Südafrika, 28. January 2024
Durban: Deel laanst d'PLagen. Do wu mer higefuer waren
Durban ass immens gruuss mat iwer 3 Milliounen Awunner.
Hei se mer lo am Summer. Warem a fiicht. Et reent öfters, dofir ass och alles greng de Moment.
Moies ware mer mat engem Taxi an de Botanische Gaart: Eng flott Parkanlag mat ville vershiddene Planzen: een dervu war ee mat enger farwiger Schuel, Regenbogenbaum "Eucalyptus deglupta". Et war och e flotten Eck mat verschiddene Farner do. Da Waasserflächen mat Seerousen a Papyrus.
Duerno huet de Chauffeur eis nach bei de Footballstadion, deen fir Weltmeesterschaft 2010 opgeriicht gi war, gefouert. Mir se laanst d'Blue Lagoon gefuer ( Mündung vum Umngeni-Floss). Laanst d'Küst se mer dunn iwert d'Golden Mile zréck bei d'Scheff gefuer.
Mettes em 14:00 Auer se mer mam Bus Richtung Westen an Hiwele gefuer, déi bis iwer 800 m hi senn op Indlolo.
Dat leit un engem Floss op 300 m. Fréier virun den Hollänner an den Englänner hun d'Zulus a Südafrika geliewt. Hei am Duerf huet e Grupp vu Lett, déi d'Zulukultur wellen erhalen a bekannt maachen, rem eng typischt Zuluduerf opgebaut. Et ass een edukative Projet. Si hunn eis hir Ritualer vun der Partnerwiel duergestallt a puer hirer Dänz gewisen.
Bam mat farwiger Schuel
Seerus
Stadion gebaut fir d'Weltmeesterschaft am Futbal 2010
Blue Lagoon
De Wee op Indlolo
beim Floss bieden déi 4 emt Hand vum Meedchen
Zulu Rondhaus
Danz vun de Fraen
3 Zulumänner virum Geméisspeicher

Durban

That could interest you too

*