( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Samsdes de 24. Februar 24 se mer mam MSC Tour op Swakopmund gefuer. 35 km nördlich vu Walvis Bay. De Bus huet eis eng Kier ronderem geféiert laanst déi wichtigst Gebeier an huet eis du 25 Minute ginn fir nach eng Kier ze Fouss ze goen. Dat war awer net genuch an dofir se mir 5 net mi mat zréck op Walfischbucht gefuer. Mir senn eis a Rou Swakopmund ukucke gaangen. Eng al Stad, déi vun den Deitsche gegrëent guff a wu een op Schratt an Tratt nach hirer Heiser a Nimm geseit. Et gett och nach deelweis deitsch geschwat.
Mi sen 2 Stonne ronderem getreppelt an eis dat a Rou ugekuckt.
Geent 14:00 Auer hu mer op enger Terrasse beim Mier puer Austeren a Sushi gees. E Genoss!
Fir zréck hate mer Chance, dat e vun den Ausfligbussen vum Scheff eis rem mat zréckgeholl huet.
E flotte gemittlichen Dag,
Owes em 18:00 gung et du virun Richtung St Helena, wu mer de 27. Februar sollen u Land goen.
2 Dee um Mier mat Bridge a Shuffleboard a plangen wat mer zu Rio maachen.