( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Em 9 Auer Moies ware mer um Quai. Em 10:00 Auer se mer gudd warem ugedoen ( 2°C an e kräftige Wand) duerch d'Stad getrëppelt. Et war net vill ze kucken, et war Sonndig a bal alles zou. Em 12:00 ware mer rem um Scheff.
Nomettes se mer nach eng Kier 1,5 Stonne rausgaangen an den aneren Eck vun der Stad. Et wunnen eppes iwer 30 000 Lett hei. Mir ware laang an dem eelsten Haus, dat 1770 gebaut guff a bis 1970 bewunnt war. Et ass hett e Musee, wat d'Liewen zu der Zeit weist.
Sydney war duerch seng Siderurgie gruuss ginn. Et war och e wichtigen Hafen während deenen 2 Weltkricher fir Europa ze beliweren.
Dat Monument soll och un déi Seeleit errënneren, déi dobei gestuerwe senn.
Em 18:00 gung et du rem virun op Charlottetown.