Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Palma de Mallorca 8.1.2024

Spanien, 08. January 2024
Vue vun der Kathedral op den Hafen an op d'Scheff
Zu Palma de Mallorca hu mer de Shuttle-Bus bis an d'Stad geholl. Net weit vun der Kathedral se mer rausgeklomm an hunn dunn zu Fouss en Tour duerch d'Stad gemaach.
Den Himmel war blo, mat heiandsdo puer kleng Wolliken. Et huet awer e fresche Wand geblosen. Maximum 15° C.
D'ischt ware mer an d'Kathedral ( mir dat sen d'Dany, de Marcel, d'Nathalie , de Raymond an ech); du bei déi al arabisch Bieder; zréck an den Zentrum bei d'Gemeng, Plaza Mayor, Plaza España ( do guff geschafft) du Richtung Rambla. Ennerwee hu mer eis bessen an enger klenger Patisserie gewiermt a gestierkt. Vun der Rambla se mer iwer d'Plaza Desana zréck bei de Shuttle Bus gaangen.
Em 18:30 se mer viru gefuer Richtung Alicante.
Owes war eng Receptioun fir all déi, déi well op maanst eng 2. Weltrees mat Aida gemaach hunn.
An der Soirée, der et all Owend eng get, ass e Ventrilog opge1den. Hen huet déi üblich Konste gemaach mat sengem Männchen awer och mat 3 Kreizfahrer aus dem Publikum.
Kathedral an de Palais
Kathedral
Kathedral : Haaptscheff
al arabisch Bieder
eng vun deene klenge Gaassen
D'Gemeng
en uralen OLivebam

Palma

That could interest you too

*