( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Hett ware mer op der Insel Mahe, der griister vun de Seychellen, dat aus 115 Insele besteet.
Mir ware Moies virun 8:00 um Hafen. Mir haten en Auto reserviert a sen zu 5 iwert d'Insel gefuer: Linksverkier!
D'ischt se mer op 400 m ropgefuer bei den Agang vum Copolia Trail. Zu Fouss se mer eng Stonn op eppes iwer 500 m gekraxelt duerch de Reebësch mat villen exotische Planzen. Et war warem a fiicht. Uewen ukom hate mer dunn eng phantastisch Vue op Victoria d'Haaptstad.
Zréck war et besse mi sier gaangen, ma grad su ustrengend.
Mir sen dunn de biergop iwer d'Kop gefuer opt d'Westküst zou. Do se mer nach bei e Wasserfall gefuer, deen awer de Moment net vill Waasser hat. D'insel besteet aus Granit an do sammelt sich kengt Waasser dran.
Du se mer op eng Plage gefuer wu mer gepiknikt hunn a besse geschwomme sen.
Geent 14:30 se mer dunn iwer een anere Wee iwert de Bierg zréck op Victoria gefuer. Mir se nach bessen duerch d'Stad getreppelt a sen zréck bei d'Scheff gefuer, wu mer virun 17:30 hu misse senn, well mer em 18:00 rem forgefuer sen.