Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Nosy Be Donnerstag 8 Februar 2024

Madagaskar
D'insel Nosy Be
Nosy Be eng vun de griisten vun de villen Inselen em Madagascar.
Mat Tenderbooter riwer opt d'Insel gefuer. Geent 9:30 hu mer eise Guide fonnt. Mir senn du mam Minibus zu 8: Chauffeur, Guide, Stagiärin vu Mayotte a mir Fënnef ( Dany a Marcel, Nathalie a Raymond, Jacques) bis op Ambatozavavi gefuer. Do se mer duerch d'Mangroven ( et war Ebbe) bis bei d'Pirogen getrëppelt. Mir haten 2 Pirogen: eng fir Nathalie a Raym mat 3 Begleeder an eng mam Marcel, Dany, Jacques, Stagiärin an 2 Begleeder. Ech sutz fir dohinner , op Lokobe, vir. Jiddereen huet gerudert. No 50 Minute ware mer beim Lokobe Naturpark.
Mat engem lokale Guide se mer duerch den Urwald gaangen am mir hu vill Déieren a Planze gesinn: Lemuren, déi brung sen d'Weibercher an déi deischter d'Männercher, Chameleonen, Minifräschen, Schlaangen.
Fir zréck op Ambatozavavi sen eis Pirogen unenee gestréckt ginn a si guffe vun engem Motorboot gezunn. Du war och Flut a mir se bis bei déi ischt Heiser gefuer. D'Mangrove war ganz am Waasser.
Mir kruten dunn engt gudd Mettigessen ( et war well 14:00 Auer) a senn duerno zréck op den Hafe gefuer mat bessen Obreegung: D'Kupplung vum Auto huet net emmer gewollt an dunn hu mer heiandsdo misse waarden bis e Gank agesprungen ass ! Mir waren awer net déi letzt um Scheff.
Ganz interessanten Tour !
Vue opt d'Insel
Piroge beim Schaff
13 km mam Minibus
den 1. Chameleon vun 30
Ylangylang Plantatioun
Ylanylang Blöien
den 2. Chameleon
Ambatozavavi
um Wee bei d'Pirogen; et war dunn Ebbe
Pirogfaart
vir an der Pirog
an der Pirog dohinner
Lokobe National Park
Bëschtripp:ganz ënnen war d'Kaskad
Minifräsch
1 vun de ville Lemuren
Lemurmännchen
Grossohrenriesenbuschbaby: Nuetslemur
brunge Chameleon
Minichameleon
Streifennatter
Hundskopfboa
Kaskad
bei der Kaskad
Pirogen um Réckwee
beim Mettigessen zu Ambatozavavi
Maart zu Hell Ville

Nosy Be

That could interest you too

*