Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Cap Vert Santo Antão 15.Januar 2024

Kap Verde, 15. January 2024
Mir sollten em 6:00 Auer um Quai sen. D'Fähr fir riwer opt Insel Santo Antão sollt em 7:00 fortfueren.
Mir konnten awer richt eppes no 7 raus u Land! De Fährterminal war e km vum Scheff. Mir kummen dohinner an d'Fähr war nach net fort. D'Dany hat Biljeeën kaaft (Internet) a su kumme mer nach als letzt an d'Fähr ran. Uff! Mir haten eis awer missen tommelen! Et se 16 km bis zur zweetgriisten Insel vun de Kapverden an déi am weitsten nördlich a westlichst geleeëner.
Zu Porto Novo ukom guffe mer vu Chauffeuren iwerfall. Mir hunn dunn e rausgewielt a se mat dem iwer eng gudd gefleegte Paveestroos mat 30 km/h rop op 1 000 m getuckelt. Et hat ee phantastisch Vueën op déi zerklüfte Vulkanlandschaft, déi iwer Jaarmilliounen ausgewäsch ginn ass. Déi eelst sen mi wi 7,5 Millioune Jaren al, déi jingst 100 000 Jar.
Beim Covakrater ukom se mer zu Fouss rof an d'hallef Hicht vum Krater gaangen an hunn e Rondwee vun 3,1 km gemaach. De Krater ass mat fruchtbarem Vulkabuedem opgefëllt a get ackerbaulich genotzt.
Op der anerer Seit vum Krater se mer bis op de Bord ropgekrackzelt an haten eng fantastisch Vue op den Dall Paûl, den sich bis rof bei d'Meer op der Nordseit zéit. Du rem rof iwer e Geesepad mat Geröll op den Haaptwee zréck bei den Auto.
Et gung dunn iwert d'Kop virun, déi aner Seit rof. Op der Kop ass e Kieferbësch, well vu Nordosten Wollike kommen an de Bierg ropgedréckt ginn, ass do mi Fiichtigkeet wi op der Südseit, déi wüstenhaft ass. Am Norden gett och vill ugebaut, och an den Häng mat Terrassen: Mais, Geméis, Bananen, Zockerrouer.
Mir kummen dunn op Ribeira Grande a sen do an den Dall Torre ragefuer. Dunn zréck bei d'Mier op Ponta do Sol, de nördlichste Punkt. Zréck op Paùl an an den Dall, de mer vum Krater gesinn haten. Do hu mer och eng Grogdistillerie besicht
Laanst Küst se mer zréck op Port Novo gefuer, wu mer em 16:00 d'Fähr fir zréck op Mindelo geholl hunn, nodem mer eppes Klenges gäss a gedrunk haten.
Vun der Fähr op Porto Novo
D'Mamm an d'Kand soen dem Papp Aeddi. Et se vill Leit vun do zu Letzebuerg
Eise Pickup mam Chauffeur, dem Marcel an dem Dany
Iwer eng gudd Paveestroos gung et bei de Krater Cova
De Krater Cova
De Wee ronderem de Krater Cova; 3,1 km
Ennerwee em de KRater
am Krater se vill Felder; fruchtbare Vulkanbuedem
Virum Dall Paùl
vun der Crête vum Vulkankrater rof an den Dall Paùl
Dall Paùl
Déi 3 "Verréckten" op der Kop
um Wee no Norden mat ville Schluchten
eng aner Schlucht
zu Ponta do Sol
De Fescher an d'Feschfra zu Ponta do Sol
an der valle Paùl
hei gi Bananen gezillt
et get och Zockerrouer ugeplanzt a Grog domat gemaach; al Press fir de Jus ze kreien
am valle Ribeira am Norden vun der Insel
Verschidden Zorten Grog

Santo Antão

That could interest you too

*