Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Las Palmas de Gran Canaria 12.1.24

Spanien, 12. January 2024
Las Palmas vum Turm vun der Kathedral
Zu Las Palmas hate mer zu 5 een Taxi bestallt a se vum Hafen an déi historisch al Stad "Vegueta" gefuer. Kathedral an d'Plaz viirdrun mat vis à vis der Gemeng. D'Kathedral ass e mächtige Bau mat flottem Plafang, enger aler Uergel, Seitenaltär an engem Turem an deen e ropklamme konnt; wat mer och gemaach hunn. Flot Vue iwer d'Stad no alle Seiten. Bannenhaf em deen engt Kluuster war, dat het Musee ass.
Duerno se mer nach laanst San Domingo gefuer, war och engt Kluuster.
Mir ware net mi an de Colonmusee an och net opt Plaz, wu déi ischt Siedler aus Spuenien sich néier geloss haten. Ech war 2022 do.
Mir se virugefuer op Arucas. Dat leit an engem ale Vulkankraterkessel. Klengt Duerf mat enger immenser gothischer Kiirch am Hank vun der Montana Arucas. Vun dem Bierg ( 410 m héi) hate mer eng Vue iwert den nördlichen Deel vun der Insel.
Obschon et bal net op der Insel reent, ginn am Norden Bananen an Drauwe gezillt, ma d'Landschaft get emmer mi verbaut. D'Fiichtigkeet vun der Nuecht geet duer fir dat et am Norden greng ass.
Déi next Station war de Pico de Bandama op 569 m. Da ass een immense Krater vun 1000 m Duerchmeesser an 200 m Déift.
D'Rees gunng du virun an de Süde op Maspalomas. Ab engem gewessse Punkt war de Buedem brung. Nemme nach Kaktussen, wi an der Wüst. Hei ass et ganz dreschen, vill Loft an och méi warem wi am Norden.
Maspalomas ass bekannt fir seng Sanddünen an de Massentourismus. Em 15:30 ware mer rem am Scheff.

Samsdig, 13.8. a Sonndig, 14. Januar 2024.
Well ech kee Punkt am Meer kann upeilen, muss eis Seedee u Landdee unhinken!
Hett a mar se mer um Mier Richtung Kapverdianisch Inselen. Em 12:30 ware mer op 25°4' Nord 17°8' W. Mir hu laang gezugen Wellen vun 3 m. A menger Kabin um 12. Stak juppelt et bessen. Mir haten du well 225 Seemeilen zenter Kanaren gemaach a nach 650 bis op Kapverden ze maachen.
Moies guff och rem Bridge ugebueden. Ech hu mam Nathalie gespillt. Hat huet fréier mat senger Bomi gespillt, ass awer net mi richtig am Coup.
Hënnt schwamme mer geent 23:00 Auer iwer de Wendekreis vum Kriebs a senn da vu Maren unn an den Tropen.
Plaz tëschent Kathedral a Gemeng
Kathedral
an der Kathedral Haaptscheff
PLafang vun der Kathedral
Kiirch zu Arucas
Arucas Sietendeel Kiirch
Arucas vum Montana (410 m hi) am Kraterkessel
kleng Stroos am Hank vun Arucas
De Krater vum Bandama
Vue op Las Palmas vum Pico de Bandama
Dünen vu Maspalomas am Süden vun der Insel
Maspalomas Sandburg
Maspalomas Wellen
D'Meer den 13. am Laf vum Dag

Las Palmas de Gran Canaria

That could interest you too

*