( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Op der Reunion hate mer een Auto mat engem Chauffeur/Guide. Heen ass mat eis vu La Possession laanst d’Westküst rofgefuer an de Süden an dunn iwert d’Ostküst zréck bei den Hafen. Et war e junge Kärel, dee vill wosst an och ganz interessiert war.
Een 1. Halt war en Aussichtspunkt rof iwert d’Felder vun der nördlicher Westseit opt d’Mier. Do hu mer och Vigel gesinn, déi hir Nester an de Beem hinken hunn.
Ennerwee se mer op der Manapanyplage stoe bliwen ; do hu mer och de speziellen Vugel vun do, de Paille-en-queue, gesinn. De Vugel huet 2 gaanz laang dënn Schwanzfederen; he nist do an de schroffe Lavafelsen.
Um Cap du Méchant, deen och aus fréiere Lavastréim entstaanen ass, wuessen d’Vacoas. Et ass eng Palmenart, döI sich do entwéckelt huet a vun deer bal alles gebraucht ka ginn: fir ze Bauen, den Daach ze décken, fir z’essen (d‘Fruucht).
Du gung et virun iwert route des Laves iwer Lavafelder vun 2006 an 2002. Deemols ass d’Lava vum Piton de la Fournaise bis rof an d’Meer gelaf. Hett geseit ee Flechten an Farn do wuessen an ischt kleng Streicher. Op deene mi ale Lavafelder ass well rem Bësch gewuess.
D’anse des cascadres war eise nexten Halt. Eng Bucht wu ass de Fielse ronderem eng Härd Wasserfäll roffalen. Do hu mer och eppes Klenges gäs an déi kleng giel Vigelcher beobacht. Hei krute mer och eis deeglich Reeschauer.
Mir kummen du, net weit weg, bei d’Notre Dame de la Lave. Eng Kiirch, déi 1967 bei engem Lavastroum verschount bliwe war. D’Lava ass virun der Dir gebremst ginn a rechts laanst d’Kiirch gelaf.
Déi letzt Etappe war de Bassin bleue. D’Enn vun enger Ravinne (Floss) déi, éier se an d’Meer leeft, mi breet get a vum Mier duerch e klengen Damm gestaut gët. Doduerch entsteet eng natiirlich Piscine mat Séisswaasser. Et ass awer ganz feelsig a stengig an d’Waasser war kaal.
Iwer d’Ostküst se mer zréck bei d’Scheff gefuer; zum Schluss iwer eng Autobunn, déi iwert d’Meer gebaut ass.