( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Zu Mauritius hate mer een Auto gelungt, mat dem mer een Tour iwert d’Insel gefuer senn. Vu Port Louis se mer laanst d’Westküst laanst Flic en Flac bis bei Le Morne gefuer. Eng ganz populär Plage un enger rouiger Bucht mat Beem um Strand. Sonndes kommen d’Familien mat Frënn a Bekannten do zesummen, piknicken, schwammen, spillen. Et ass tiptop ageriicht.
Donewent ass awer och een hihe Fiels de Morne: vun deem hunn sich Sklaven, déi fortgelaf waren, wi se d’Polizei gesinn hunn roffalle geloss; si ware léiwer dud wi Sklaven. D’Tragik bei der Geschicht ass awer, dat d’Polizei hinne wollt matdeelen, dat d’Sklaverei opgehuewe wiir: dat war 1864. Hett steet do um Fouss vum Bierg engt d’Monument wat unn d’Sklaverei errënnert.
Mir senn du laanst d’Meer bis op de Cap de la Baie gefuer. Do ass een Aussichtspunkt. Duerno gung et rop an d’Bierger an de Naturpark Chamarel bei den 100 m hihe Waasserfall an de 7-faarwige Biedem. De Waasserfall fällt iwer 2 fréieren Lavastréim rof, déi puer Milliounen Jaare vuneneen dese Plato gebillt hunn. Déi Faarwig Erden bestinn aus Aluminium- an Eisenoxyden. Do ass och e klengt Gehege mat Rieseschildkröten.
Et war du well no Mëttig a mir hunn e flotte Restaurant fonnt an dem mer e gudde Sonndesmenue gäss hunn. Währenddeem gung engt déckt Donnerwieder rof. Dat huet gereent! Et ass Reenzeit.
Déi next Etapp war “Les sept cascades”. Duerch de Reen war et dréif a mir ware weit weg vun de Kaskaden. Mir wollten du nach bei engt alt Kraterlach fueren, kruten awer fir dohinner e Platten; hunn d’Ersatzrad missen opleeën, haten doduerch Zeit verluer a se mat reduzierter Vitesse zréck bei d’Scheff gefuer.