( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Mir se Sonndes Moies geent 7 Auer virun der Bucht vu Rio ukomm a guffen mat engem Pilot duerch d’Bucht bis bei den Hafen gelotst. D'Entree vun der Bucht Guanabara ass links vum Zockerhut, mat enger Festung, a rechts duerch eng aner Festung beschützt.
Ab 9 Auer konnte mer rausgoen. Mir hunn dunn 2 Uber-taxie bestallt, déi eis bis an de Quartier Copacabana gefouert hunn. Do hate mer e Velotour beim „Rio by Bike“ reserviert. Em 10:00 Auer gung et lass. Fir d’ischt rof bei Plage vu Copacabana mat puer Explikatiounen vun eisem Guide dem Douglas ( en Amerikaner). Mir hun d’Plage awer sier verlos, duerch een Tunnel a Richtung Praia vermeilho, déi newent dem faméisen Zockerhut leit. Dest ass de Quartier Botafogo; fréier gung Rio nemme bis heihinner, well do eng Biergketten d’Entwécklung vun der Stad Richtung Mier verhënnert huet.
Duerch de Quartier Botafogo, gung et laanst d’Botafogobucht Richtung Flamengo, Gloria an den Zentrum. Mir kummen op der Plaz laanst, wu sich déi ischt Siedler néiergloss haten, duerch kleng Gaassen, mat nach alen originalen Heiser bei den Theater, den un déi fransisch Besatzung errënnert. Du gung et op Lapa bei den Aquedukt, den d‘Waaser vun de südliche Bierger an d’Stad bruecht huet.
Newendrunn am Sta Theresaquartier se mer d’Trapen Selaron, déi mat Plättercher aus der ganzer Welt verschingert guff, ropgeklomm. Mir hunn och do eppes gääss. Et gung duerch den Zentrum virun, duerch bal eddel Stroossen ( et war Sonndig an et luch alles op de Plagen, bei iwer 30°C). Ma um Rad war et löftig!
Iwer Catete a Flamengo se mer laanst d‘Mier iwer Radweeër awer och deelweis fir den Autoverkéier gespaarte Stroossen zréck op Botafogo gefuer, fir riwer bei Lago aze kommen. Em eng Halschent vun der Lagun se mer gefuer fir du riwer op déi letzt Plage, Ipanema ze kommen. Laanst déi Plage gung et dunn zréck iwert d’Copacabana bei den Départ. Du war et bal 18:00 Auer. Mir sen dunn zu Fouss zréck opt d’Copacabana gaangen fir do eppes ze drinken a Musik ze lauschteren. Mam Uber se mer zréck opt d’Scheff gefuer, wu mer just mat Zeit, no enger gudder Douche, fir d’Owesessen em 20:30 prett waren.