( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Um zweeten Dag Rio hate mer eis eng Folie geleest: eng Faart mat engem Helikopter iwer Rio an em de Corcovada mat der Christusstatu.
Moies ware mer nach bessen am Hafen trëppelen a senn em 10:00 mam Uber op Jacarepagua gefuer op den Helikopterflughafen. D’Nathalie, de Raym an ech waren an engem Helikopter an d’Dany an de Marcel hunn een no eis kritt. Mir waren eng 25 Minuten an der Loft. Vum Flughafen, se mer rof bei d’Meer geflunn. Laanst d’Küst Richtung Ipanema a Copacabana. Hei se mer eng Kier hin an her geflunn. Du riwer iwer Botafogo a Lagoa op de Corcovado. Hei se mer drei Mol em d’Christusstatu gedriet ; konnten eis och den Zentrum vu weit ukucken. Senn dunn zréck iwer Copacabana, Ipanema, der Praia Leblon, dem Favella Vidigal a laanst d’Küsten Conrado, Barra de Tijuca zréck op de Flughafen.
Du se mir 3 (Nathalie, Raym an ech) zréck an den Zentrum gefuer. Déi aner 2 senn duerno richt geflunn. Mir waren do nach de Mosteiro Sao Bento kucken. Et ass e vu villen Kliister, dat zur Zeit vun der Kolonisatioun gebaut guff (1590). D’Kiirch ass bannenan ganz mat Holzverzierungen ausgekleet . Alles mat Gold iwerzunn. Eng Herzjesusseitekapell, Seitenaltär an e Chouer maachen aus dem Ganzen e Bijou, deelweis ze vill iwerlueden.
An der Abtei liewen och nach Pateren.
Mir senn dunn zréck opt d’Scheff getrëppelt, welle em 16:00 Auer war den Départ fir op Salvador de Bahia, wu mer de 6. Mäerz wärte senn, no engem Dag um Waasser.
Dënsdig, 5. Mäerz 24
Hett hu mer Besuch vun engem berüümten brasilianische Kach: Allan Vila. De Mettig hat en eng FEIJOADA gekacht: rut Bungen an enger Zooss mat „Mettwurscht“, Fläschstécker, Reis, enger Art Spinat a gemuelenem Manioc. Et huet gudd geschmaacht!