( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Den 2. Dag zu Manaus hate mer eng Touristevisite gebucht: mam Boot iwert den Amazonas déi aner Seit déi rosa Delphine kucken. Du bei su engt Feschfidderespill. Dat war alles am Rio Negro. Mi senn dunn op déi Plaz gefuer, wu sich den Amazonas mat brungem Waasser, den aus dem Peru kënnt, an de Rio Negro mat deischterem Waaser, de vun Norden kënnt, treffen an eng Zeit newentëneen lafen, éier d'Wasser sich vermëscht.
Durch dem Amazonas se mer du ropgefuer op eng Plaz wu mer iwer een holzene Steg a 5 m Hicht 10 Minuten duerch den Urwald gaange senn bis bei eng Plaz wu Victoria regia Seerusen wuessen. Ausser Beem an e puer Seejomëssenester an de Beem hu mer neischt gesinn.
Mir sen zréckgaangen an hunn du eppes z'esse kritt a sen em 12:30 virugefuer ran an déi verzweigte Waasserwelt vum Amazonas bei een "Indiostamm". D'Indios, déi aus Kolumbie solle komm senn, hunn 2 Dänz opgefouert, mir hunn och missen danzen an duerfte Saache kafen, déi een iwerall well gesinn hat!
Mat voller Vitesse gung et dunn zréck op Manus , wu mer well em 14:10 ukomm senn.
20 op 6 Owes se mer du zu Manus fortgefuer a Richtung Alter do Cháo, dat op halwem Wee raus aus dem Amazonas leit.
Freddig, 15. Mäerz 24:
Ganzen Dag um Amazonas. Iwerall se vill Flächen ofgeholzt an et gett iwerall Wisen.
Ech hat mer hett eng Massage gegönnt a war bei de Coiffeur!
Den Owend trëtt de braislianische Grupp rem op mat hirer Dänz; si hate well 2 Owender, déi faarweprächtig waren.