Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Alter do Chão 16.Mäerz 24

Brasilien
vun Alter do Chão bei d'Entree vum Tapajosbesch
Mir haten en Tour vum Scheff gebucht, well mer mat den Tenderen hu missen eng Verel Stonn bis op Alter do Chão gefouert ginn. Du hu mer net Moies fréi Ticketën fir den Tender siche goen. Et gung zwar och em 7:20 fort; waren awer mat Zeit op.
Vun Alter do Chão gung et mam Bus iwer Santarem an den Tapajosbesch ( rude Punkt op der Kaar; eng 100 km) .
Ennerwee hu mer vill gruus Fläsche gesinn, déi an de letzte Jaarzéngten ofgeholzt guffen fir Mais a Soja unzeplanzen.
Mam Guide se mer dunn 1 Stonn a 40 Minuten iwer Beschpiedercher duerch den Urwald gaangen. Impressinant senn d'Hichte vu verschiddene Beem an och d'Strategiën, déi d'Planzen uwennen fir un d'Luucht ze kommen. D'Lianen benotzen déi aner Beem an erstécken se.
Well et nemmen eng Schicht vu 60 cm vu fruuchtbare Buedem gett, mussen d'Planzen och versichen hir Wuerzelen su ze entwéckelen, dass se net emtippen, virun allem bei där Hicht vu bis 70 m.
Eng Méiglichkeet ass d'Ausbildung vu Breederwurzelen wi beim Kapokbam op der Photo. Dese Bam , de Samauma tree, soll well 500 Jar hunn.
Fir sich geent Gefreesgin ze schützen entwéckelen déi Planzen och vill Substanzen, déi och den Déieren an de Mënschen denge kënnen an déi di Einheimisch och benotzen. De Tapajosbësch ass dofir och e Bësch, de wirtschaftlich oeklogisch genotzt gett.
Et se mol d'Bléien, déi genotzt ginn, mol d'Friichten oder de Som, mol d'Schuel an och d'Bleder vun de Palmen (fir den Dag ze décken).
Et war een interessanten Abléck an den Urwald, och wa mer ausser Seejomessen, Termiten a Peiperleken, keng griesser Déiere gesinn hunn. Et huet een och gesinn, dat de Bësch ka genotzt ginn oni dat een e muss all Bam raushaën.
Um Réckwee bei d'Scheff guff et du nach déck Reeschaueren.
Brasilien ass riesig. Leng an d'Amazonasgebitt ging ganz Europa
Quadratkilometeren Sojafelder
Tapjos Nationalbesch teschent der Stroos 163 an dem Tapajosfloss
Tapajosurwald mat Vue op den Tapajosfloss
Vue vum Reebësch
Panno mat Zuel vu Lebewesen am Urwald
Achiote oder Annato Fruucht vum Bixa orellana.
Latexbam
frësche Latex leewt raus aus der Kerb
döck Seejomessen, déi ganz elle picken
Kapokbam mat Breederwuerzelen
Paranussbam oder Brazil Nut
eng opgeschloen Paranussfruucht
Seejomessennast um Stamm
Lianen erstécken de Bam
Wee duerch de Besch

Alter do Chão

That could interest you too

*