Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Belém 18. Mäerz 2024

Brasilien
Belem vum Scheff aus
D'Scheff konnt net u Land goen a mir hu rem misse mat Tenderen a Booter vum Hafen riwer u Land bruecht ginn. Du ware mer richt zu Icoaraci a guffe nach 45 Minute laang mat engem Bus bis bei d'Docas gefouert. Dat war awer no um Zentrum. Well mer awer Moies hate mussen Tickeeën siche goen, waren de Raym, d'Nathalie an ech zesummen. D'Dany an de Marcel ware mi spit unn.
Et gung d'ischt rop op d'Plaz vun der Republik. Et war, wi alles mol zu Belém, eng Kier eng wonnerbar ugeluechte Plaz mat Grengs, Pavillon'en, Monumenter. All déi al Kolonialheiser senn am zefalen, ausser e puer; et se keng Sue mi do fir alles ze ennerhalen! Schued!
Op der Plaz steet den Teatro Paz, den an der Rei ass. Iwer d'rua Nazaré gunge mer eng 35 Minuten bis bei d'Basilika da Nossa Senhora de Nazaré. Mir konnten net alles bewonneren, well ischtens renoviert gëtt an 2/3 vum Haaptscheff mat engem Gerüst zou waren a well zweetens eng Mass amgaag war.
Mir sen du mat engem Taxi op déi aner Seit vum Zenrum bei de Botanische Gaart gefuer. De war awer leider zou ( et war Méindig) . Du se mer bis bei d'Kathedral gaangen, net weit weg. Déi war och zou. Dofir se mer dun an d'Kiirch vum Franz Xavier rsp hl Alexander gaangen. Do war och eng Ausstellung vu sakrale Wierker.
Newendrunn ass d'Festung Presépio, 1. Stützpunkt vun de Portugiesen.
Laanst de Musee d'art vu Belem se mer Richtung Hafe gaangen mat enger Auer, an de Maarthalen. Dunn zréck bei d'Busstatioun vir zréck op d'Scheff.
Belém Zentrum
Wappen vu Belém
Praça da Republica
Teatro Paz
Muse vun der Comédie
Teatersall
Plafang am Teatro
Maristeschull mam Grënner Chatagnat
Basilika Nossa Senhora de Nazaré
Kinnigin vum Fridden op der Entreesdir
Seiteschëff an der Basilika
Fenster Gudden Hiirt
Casa Samba
Kathedral
Santo Alexandro Kiirch
Santo Alexandro Sakristei
Festung Presépio
Relógio beim Hafen
Palaceto Pinho
Geieren mat Fescherbooter
Maarthall
al Maarthall Eisekonstruktioun

Belém

That could interest you too

*