Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Castries op Sta Lucia 23. Mäerz 2024

Sankt Lucia
Bai mat Castries
Mir haten do 1 Tour vum Scheff, dee am Programm dra war an e war mol eng Kier net schlecht.
Vu Castries gung et biergop duerch d'Land, dat eng ganz luxuriös Vegetatioun huet. Eist Ziel war am Norden d'Insel Pigeon, am Fong eng Hallefinsel, well si ass mam Land iwer eng schmuel Streif verbonnen.
Pigeon Island war mat verschidden Befestigungsanlagen versi ginn. Wéi iwerall hei an der Karibik hunn sich puer europäisch Länner déi Inselen wellen ënnert de Nol reissen. Su hun se sich alt emmer rem misse verteidigen. Ech war bis op de Fort Rodney ropgeklotert, vun deem e bei klarem Wieder bis op Martinique geseit, dat vun de Fransousen besat war a nach ass.
Den Heemwee war ganz interessant: mir giffen vun der Polizei eskortéiert bis zréck op Castries, der Haaptstad, laanst all Autosschlaangen !
Do hate mer du nach Zeit fir eis den Zentrum vu Castries unzekucken: d'Basilika, e spezielle Bau, mat vill Molereien, verschidde Heiser nach aus der Kolonialzeit, een immense Bam, den eng Kroun huet, déi mi breet ass, wi d'Basilika laang ass.
ennerwee um Land
Pigeon Island
Baien op 2 Seiten vum Wee op Ptgeon Island
Signal op Pigeon Island
Fort Rodney op Pigeon Island
Heiser zu Castries
Basilika zu Castries
Plafang Chouer Basilika
Basilika Chouer gerëst fir Pällemsonndig
Medaillon Hl Familjen an der Basilika
urale Bam bei der Basilikaplaz
Ausfaart Owes

Castries

That could interest you too

*