( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Vu Fort de France se mer privat zu 12 an 2 Minibussen rop bei d'Kiirch Sacré Coeur gefuer. Et ass eng Kopie vu Sacré Coeur um Montmartre zu Pareis a guff gebaut no dem Vulkanausbruch vum Vulkan Pelée 1902, wi vill Lett op Fort de France geplennert senn. Vun do gung an den Arboretum vu Balata. Mir haten e gudde Guide, et war de Patron-Chauffeur vum anere Bus, de su munches vu Botanik kaant huet. Si senn du mat eis bei e klenge Waasserfall an engem schmuele Ravin gefuer. Di next Etappe war de Fonds St Denis: eng Waasserplaz, déi Kultcharakter huet.
De flottsten Openthalt war dunn den Domaine de l'Emeraude. 30 ha gudd ennerhalene Naturpark mat ganz ville Planzen. Mir kruten do vill exotisch Blumme gewisen, ganz vill Beem a Planzen, vun deenen Deeler medezinisch gebraucht ginn. Ech wir nawel gären do bliwen !
Iwer Morne Rouge a St Pierre, wat deelweis rem opgebaut guff no dem Vulkanausbroch vun 1902 (et hat een iwerlieft, e Prisonier a senger Zell, déi verschount bliwe war) se mer opt d'Plage Le Cabret gefuer. Do konnt een eppes essen an an d'Meer goen.
No der Visite vun der Rumdistillerie Neisson gung et zréck op Fort de France, wu mer em 16:00 Auer no iwer 6,5 Stonnen ukummen.