Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Miami, USA Florida 29.3.2024

USA
Downtown 1
Den 29. Mäerz 24 se mer Moies geent 7 zu Miami ukom. Mir hate rem mussen Tickeeën siche goen fir durch d'Douane. Eppes no 10:00 ware mer durch oni Problem. Do stung d'Kim mam Eva, dem Dany sengt Meedchen an Enkelin, well virun der Dir op eis ze waarden. Mir guffen dunn op déi aner Seit op Bayside gefouert, wu mer de Big Bus geholl hunn, den een Tour ronderem mëcht an op déi interessantse Plazen fiirt.
Mir sen dunn iwert MacArthur Bréck riwer opt d'Beach-Insel gefuer ( kuck um Plang) bis op Wynwood. Do se mer en Tour duerch de Quartier getreppelt an hunn eis déi selige faarwig Façaden ugekuckt. Mir hunn do och eppes gäss.
Et gung du mam Bus virun zréck an den Zentrum. Miami besteet aus enger Mass Inselen, klenger a mi gruusser, déi all mat Brécke verbonne senn.
Et gung dunn an de Quartier Little Havanna, wu sich vill Kubaner no 1959 néiergeloss haten, wi de Fidel Castro d'Muecht do iwerholl huet. Ganz lewige, faarwige Quartier. Mir se just derduerch gefuer. Duech de Finanzzentrum se mer rem zréck kom a virugefuer bis op South Beach. Do se mer rausgeklommen an op de brümte Miami Beach gaangen. Mi se vun der 18. Stroos bis bei déi 5. zréckgetrëppelt. Och iwer denn Ocean Drive mat sengen Art-Deko Heiser. Vun do se mer mat engem Taxi zréck op Bayside gefuer an zu Fouss iwer d'Port Miami Bridge ( eng hallef Stonn) an den Hafen op der Dodge Island.
Downtown 2
Downtown mat Jungle Island
Cruise Terminal
Kaart mat Route Bus Op-Off
Wynwood Quartier
faarwig Façade
faarwig Façade
Little Havanna stross 8
Finanzbezirk
South Beach
Ocean Drive
Art Deko Haus

Miami

That could interest you too

*