Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

New York, 2. Abrël 2024

USA
vum Scheff nuets
Moies em 8:15 hate mer eis RV ginn fir New York ze eroberen. Et ass awer zimlich kompliziert, well immens gruuss a laang Distanzen. Vum Scheff um Pier 90 um Hudson River se mer op de Broadway, Times Square, Library, d'Gare gaangen. Bis dohinn hat et nach nemme besse gereent. An der Gare hu mer eppes gäss a gedrunk a wi mer raus kummen, dunn huet et wiirklich geschott. Mir gungen du bei d'Kathedral St Patrick ( ganz flott gothisch Kiirch) a nach sching gerësst vun Uusteren. Vun do iwert d'Rockefeller Plaz op Busstatioun 4. Am Reen, deen trotz Daach iwerall rakumm, suguer ennen huet et ragedrëpst, se mer bis rof iwer Little Italy, China Town op 11 gefuer am Süden vu Manhattan. Do wollte mer Cruise-Route huelen fir laanst d'Freiheetsstatue an d'Brooklinbridge ze fueren. Mir kummen awer ze spit op den 11 ( weenst dem villen Trafik) an du war d'scheff fort. Mir senn du bis op 12 gefuer opt d'Südspëtz vu Manhattan. Vun do se mer duerch de Financial Center getrëppelt. Broadway rop bei d'Wall Street, Trinity-Church an de neien World Trade Center, de no dem Attentat vum 11 September gebaut guff.
Mir hun eis och déi 2 Lächer vun de fréieren Zwillingstirm ugekuckt a senn du bei den 13 gaangen fir zréck opt d'Scheff ze fueren, wu mer eppes vir 19:00 ukummen. E laangen Dag a vill gesinn trotz dem Reen.
(4, 11, 12 ,13 se Statiounen, wu den Hop on hop off stoe bleiwt)
De rudden an de bloen Tour
Al a Nei Gebeier
Times Square
Times Square
Broadway
Library
Library bannen
Gare centrale
Haapthall an der Gare
St Patrick Kathedral
St Patrick Haaptscheff
St Patrick vue vu hannert dem Altar
Rockefeller Plaz
Trinité a neie World Trade Tower
World Trade Center
WTC bannen
Ground 0 9 11

New York City

That could interest you too

*