Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Quebec, 10. Abrël 2024

Kanada
PLang Al Stad
Zu Charlottetown hate mer well eng schlecht Neigkeet matgedeelt kritt: Mir kënne net op Nuuk a Groenland fueren, well de Wee nach deelweis zougefruer war an Eisbierger do geschwomme senn. Mir wollte net no 112 Jar eng zweet Titanic ginn. Dofir se mer dunn 1 Dag mi laang zu Québec bliwen: vum 10.- 12. Abrël.
Den 10.04.24 hate mer Moies 1 Tour mam Bus ( war abegraff):
- D'ischt se mer bei d'Chute de Monmorency gefuer ( 13 km). Et ass den héchste Waasserfall vum Quebec; mat 83 m Hiicht ass en 27 m mi hi wi d'Niagarafäll. De Montmorencyfloss ass 100 km laang, kënnt aus de Laurentinische Bierger a fléisst nodeem en iwert d'Klipp gefall ass an de St Lorentzstroum. Mir ware nemmen enne beim Waasserfall an do luch och nach de "Pin de Sucre", een décke Block Eis, den sich duerch d'Sprëtzwaasser gebild huet.
Zréck an der Stad se mer mam Bus laanst d'Parlament gefuer, duerch den Ostquartier vun Québec, dunn an den Zentrum op déi al Forteresse, vun deer nemme nach Follementer bestinn, déi vun enger gruusser hölzener Esplanade zougedéckt senn. Et gung dunn zu Fouss virun mat enger Visite vun den Haaptseeënswürdigkeeten: Château Frontenac, du rof bei d'escalier Casse Cou, d'rue Petit Chaplain mat ville klenger Butiker, Place Royale Uursprung vun der Stad, rue St Pierre Richtung Scheff.
Mir bluffen an der rue St Jean a se rem zréck an d'Stad fir eis nach eng Kier déi al Stad a Rou unzekucken.
eppes no 19:00 ware mer dunn no etliche km zu Fouss zréck um Scheff.
Vue op Al Stad
Vue vum Observatoire op den Hafen
Monument fir de Samuel de Champlain, Grënner vun der Stad
Château de Frontenac
Petit
fresque du Petit Champlain
place royale avec église Notre Dame des Victoires origine de la ville
plaine d'Abraham
Vue op plaine des batailles et citadelle
porte St Louis et fortification
rue St Louis
Parlement by night vum Scheff

Québec

That could interest you too

*