Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Québec, 11. Abrel 2024

Kanada
Chute Montmorency
Mir haten 1 Auto gelungt fir 2 Dee. De Marcel hat e missen op de Flughafe siche fueren. Den 11. Abrel se mer du Moies em 10 Auer nach eng Kier zréck bei de Waasserfall Montmorency gefuer an zwar uewen hinn. Do se mer iwer eng Hängebréck iwert de Waasserfall gaangen an op 3 verschidden Aussichtspunkten.
Mir senn dunn op Beaupré-St-Anne gefuer. Do steet eng phantastisch Basilika ganz aus Stee gebaut. Si huet 5 Scheffer an eng Krypta, déi och nach immens gruuss ass. De Plafang ass voll verziert mat Mosaikbiller iwert d'Lewen vun der Anna, der Muttergottes hirer Mamm. Ronderem de Chouer senn eng Rei Kapellen fir verschidden Helliger och mat Mosaikbiller respektiv Leitsetz aus der Bibel. Et war impressionant!
Mir wollten du nach bei e Fjord fueren, de war awer nach zou. Keng Saison !
Mir senn dunn emgedriet an ennerwee an e Restaurant gaangen eppes essen. Mir hunn zu puer e Poutine geholl: eng Spezialitéit vum Quebec. Et se Fritten mat Kiisstécker an enger brunger Zoos. Net schlecht !
Well et du rem gereent huet se mer zréck opt Scheff gefuer.
Owes hate mer e Kach, de Stephane Modat vu Quebec op Besuch, den eis e spezielle Menu gekacht huet.
Mir hunn och gleichzeitig dem Marcel sei Gebuertsdag gefeiert.
Chute Montmorency vun der Seit
Chute Montmorency vun uewen
Ste Anne de Beaupré
Ste Anne Haaptscheff
Ste Anne Plafang Haaptscheff
Ste Anne Chouer
Ste Anne Kryptakiirch
Ste Anne Krypta Hellig Famill
Mont Ste Anne mat Skipisten (800 m hi)
Marcel hat Gebuertsdag

Québec

That could interest you too

*