( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Moies gro am Laf vum Dag kumm d'Sonn mol raus. Vill Loft. Flotten Tour iwer MSC gemaach. Départ 9:30.
Vun Akureyri rop iwer e Col Richtung Mývatn (Mécke) Séi, den 2. griiste Séi vun Island. He war nach ganz zougefruer; ass nemmen tëschent 2 a 4 m déif. Ronderëm ware vill vulkanische Ausbrëch a su senn ganz vill Iwerbleibsel dovunn do ze gesinn. Enneren anerem och e ganz gruusse Krater.
- Pseudokrateren: Krateren, déi entstaange senn duerch Lava, déi an d'Moor gelaf ass, dat verdonst ass a Verdéifungen hannerloss huet.
- Ganz verwurrelt Lavaformatiounen zu Dimmuborgir (östlich vum Séi); och entstaangen duerch Lava, dat d'Waasser verdonste geloss huet an doduerch ofgekillt guff.
- Du se mer op Námafjall Hveri gefuer: Hei ass et an 1 000 m Déift 200 °C warem an den Drock su hi, dat permanent warem Dämp mat schwefelhaltigem, eisenhaltigem Waasser rauskommen. D'Waasser, dat a klenge Séien steet kacht permanent. Si benotzen dat Waasser och fir Kraftwierker ze bedreiwen.
- Laanst de Séi se mer zréck a Richtung Scheff gefuer. Ennerwee se mer nach beim Godafoss stoe bliwen: e Waasserfall.
No 16:00 Auer ware mer rem um Scheff.