Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Québec, 12. Abrël 2024

Kanada
Cabane du Sucre
Hett se mer mam Auto nach eng Kéier a Richtung Baie St Paul gefuer fir an déi Uertschaft ze kommen. Et huet vill gereent. Mir sen iwer Koppe gefuer bis op 740 m. Do luch nach iwerall Schni an de Bëscher ronderëm. Zu Baie-St-Paul war kee Schnii mi awer vill Reen. Mir se bis bei d'Kiirch gaangen, dunn bessen am Duerf. Vill kleng Geschäfter, ma nach keng Saison. Um Réckwee wollte mer an d'Réserve naturelle de faune du Cap Tourmente fuern. Do versammelen sich all Jar Dausende vu Weisse Gänsen um Flug no Norden. Et waren der well puer do; ma d'Réserve war nach zou. Du se mer zoufällig bei enger Cabane a Sucre laanst gefuer an hunn eis d'Ahornen mat den Eemeren fir de Jus ze sammelen ugekuckt. Du kumm e Mann a sot mir könnte rakucke kommen. Do sutz eng Gesellschaft, déi do kucke komm waren. D'Lett, déi de Betrib vu Sucre d'érable féieren, hunn eis gewisen wi déi Fabrikatioun an d'Veraarbichtung giffe goen an hu gefrot op mer och mat giffen essen. Si haten e Menu wu bei allem den Syrop d'érable matdra war. Tiptop! Och Idien fir de José derbei.
D'Lett ware ganz léif a se nach mat eis rop op d'Kopp gefuer, vu wu een eng flott Vue ronderem hat; leider war et gro a fiicht.
Mir sen du mam Auto zréck op Québec gefuer an hunn deen do ofgeliwert. An der Teschenzeit war d'Reefront laanst an d'Sonn kumm raus. Du hu mer nach profitiert puer Ecker vu Quebec kucken ze goen, wu mer den 1. Dag nach net waren. Enner Anerem ware mer an der rue Cartier. Do senn d'Stroosseluuten mat Schiirmer, wu Biller drop senn, déi Schullkanner gemoolt hunn. Dat ass och e Künstlerquartier. Duerch den irische Quartier se mer dunn laanst d'Parlament duerch Paart St Louis an déi al befestigt Stad gaangen.
Duerno rof bei den Hafen. Du war et rem 19:00 Auer.
Em 20:00 Auer hu mer Quebec verlos Richtung Island; et war net méglich op Groenland ze fueren weenst den Icebierger, déi de Wee verspaart hunn.
13. a 14. Abrël: Ennerwee a stiirmigem Meer ( Welle vu bis zu 9 m), décke Newel.
14. gung och rem eng nei Trivia Quiz Competition unn fir 3 Nomëttiger. 14. 16. a 19.04.24
15. Abrël: manner Wellen, sen aus dem Sturm raus; Mettes tëschent 14 a 16 Auer suguer Sonn. Senn eng hallef Stonn um Deck 14 a 15 getrëppelt, kum suguer an d'Schweessen. Lo meng Berichter geschriwen.
16.-17.-18. Abrël: Meer ass rouig; heiansdo Niewel. Och mol besse Reen. Lues a lues mi kal. No bei Null.
19.04.24: Moies em 10:30: D'Küst vun Island ass do a mir fueren de Rest vum Dag laanst d'Westküst. Himmel gro a kal. Op Island leit Schni. (kuckt Biller). Den Owend geet et no Osten.
Zenter 3 Dee hu mer e neie Bridgepartner.
Ahornbam mat Emeren fir Saft ze sammelen
Sammelen iwer Réier
Unzaapen mat Réier
Réier bringen de Jus an e Reservoire
Jus gett duerch Erhëtzen agedeckt
um Mettesdesch
Cap Tourmente
Island en vue
Schni bis rof bei d'Meer
Island
De Lawnie eise neie Bridgepartner bis Southampton

Québec

That could interest you too

*