( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Den 21. Abrël se mer well Owes em 20:00 zu Reykjavik ukomm. Fir den 22. hate mer een Tour, de Golden Circle, gebucht bei enger islännischer Firma. Em 10:15 se mer fortgefuer a mir waren Owes em 1/4 vir 7 richt rem. Eng Guide, déi vill wost an op all Fro eng Aentwort hat.
Vu Reykjavik se mer no Osten Richtung Thinvellir gefuer. Et ass do wu een de Rift geseit: Plaz wu déi amrikanisch tektonisch Plak, am Westen, an déi eurpäisch, am Osten, sich pro Jar em 2 cm vuneneen trennen. Hei war et och wu ab 930 d'Wikingercheffen all Jar zesumme kummen als Parlament.
Fir Waasser um Terrain ze hunn , hunn se den Öxára emgeleet; de fällt lo vun der amerikanischer Plak als Waasserfall, Öxárafoss, rof an de Rift a speist déi ganz Plaine vum Rift.
Et gung du virun op de Lanarvatn (Vatn = Séi); do sen och waarm Quellen; déi gi genotzt fir am waarme Buedem Brut ze baken. Et brauch e 24 Stonnen.
De nexte Punkt war Geysir: hei get et e gruust Feld am Hank mat sellige Plazen mat Geysiren: klenger a gruusser, rouiger, déi nëemme waremt Waaser hunn (oft iwer 100 °C), an deer, déi spruddelen oder wi de Strokkur, den all 3-7 Minuten eng hi Fontaine Waasser an d'Lut sprëtzt. Hei hat ech och eng gudd Hämmelszopp gäss.
Um Wee bei eise nexte Stop se mer nach bei enger Farm mat Islandpärd stoe bliwen. Du komme mer bei de Waasserfall: Güllfoss (goldene Waasserfall) dohir och de Numm vum Golden Circle.
Et gung dunn engt Stéck zeréck a du Richtung Fludir: och eng Regioun mat ville Warmwaassergeysiren. Puer dovun speisen eng Lagoon, déi well zenter 1892 benotzt get fir drann ze schwammen resp ze planschen, si ass net ganz déif. Engt phantasticht Gefill a su warem Waasser ze setzen respektiv sich ze bewegen. Dobei hate mer d'Chance, dat de ganzen Dag d'Sonn geschengen huet.
Et gung dunn iwer 100 km zréck opt Scheff.
Den 23. Abrël ware mer just nach Moies zu Reikjavik. Do hu mer en Tour vum Scheff gemaach: mam Bus ronderm an duerch Reykjavik vun 2,5 Stonnen. War net déck!
Punkt 12:00 Auer se mer fortgefuer no Süden.