Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Belfast, 25. Abrël 2024

Vereinigtes Königreich
Wee zu Fouss duerch Belfast
Mir guffen fir d'ischt mam Shuttlebus bis an d'Stad gefouert bei d'City Hall (bal 4 km). Vun do hat de Marcel eis e flotten Tour duerch d'Stad prepariert.
-D'Stadhaus ass engt mächtigt Gebei mat enger Kuppel an enger Rei faarwiger Fensteren, déi un d'Vergaangenheet vu Belfast errënneren.
- et gung du Richtung Waterfront um Lagan-River bei de Big Fish
-vun do bei d'Albert Memorial Clock (Albert war dem Victoria sei Mann), déi bësse schief steet, well de Buedem net ganz stabil hei ass.
- viru bei d'St Anne Cathedral; och déi huet Stabilitéitsproblemer, dofir huet se keen hihen Turem.
- Duerch kleng Gaassen se mer du Richtunge Aussebezirker gaangen.
- Mir kummen do d'ischt an de protestantische Quartier (Shankhill), dunn an de katholischen. Et ass hei wu e nach vill Spueren vun den Aussernanersetzungen aus dem Nordirlandkonflikt ginn:
"Der Nordirlandkonflikt (englisch The Troubles, irisch Na Trioblóidí) ist ein bürgerkriegsartiger Identitäts- und Machtkampf zwischen zwei Bevölkerungsgruppen in Nordirland:
einerseits den Protestanten, meist Nachkommen englischer und schottischer Einwanderer, die als Unionisten oder Loyalisten ein Teil des Vereinigten Königreichs Großbritannien bleiben wollen: Ulster und
andererseits den Katholiken, die sich als Republikaner für ein vereinigtes Irland, also für die Loslösung aus dem Vereinigten Königreich und die Vereinigung mit der katholisch geprägten Republik Irland einsetzen." (aus Wikipedia)
Et gett nach emmer eng Mauer, Gitteren a Stroosseparten, déi déi 2 Quartieeën vuneneen trennen. Alles ass awer lo duerchlässig. War ganz interessant dat gesinn ze hunn.
- Mir sen duerno rem zréck rof an den Zentrum getrëppelt, bei der Oper laanst a nach puer anere Gebeier aus de virige Jaarhonnerten. Bei der City Hall hu mer de Bus fir zréck opt Scheff geholl. ( Total 13 km gaangen kuck Kaart)
City Hall
Kuppel an der City Hall
St Anne Cathedral
Waterfront mam Lagan Floss
Big Fish op der Waterfront
Albert Clock
an der Hill Street
Commercial Court
am protestante Véierel
e vun de ville Murales am Shankhill Quartier
Mauer a Gitter tëschent Protestanten a Katholiken am Cuper Way
Mauer Cuper Way mat Grafitti
Paart duerch d'Stroos fir déi 2 Quartieeën ze trennen
Clonard Kiirch
Memorial an der Falls Road
Solidarity Wall an der Northumberland Street

Belfast

That could interest you too

*