( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Antsiranana ( Hafen) oder Diego Suarez leit am Norden vu Madagaskar. Et as eng al Kolonialstad an dem puer Heiser an der Rei sen, de Gros awer delabriert. Et ass vill Armut do an et guff e permanent ugehalen fir eppes ze kafen: Uebst, Vanilleschoten, Vanilleextrakt, Ylangylangextrakt, Magnéiter, Holzskulpturen oder si haten engt exotisch Déier bei sich an hu gefrot eng Photo ze maachen.
Mir se bessen duerch d'Haaptstroos ge treppelt; et war iwer 30 °C; de Schwees ass engem permanent iwer d'Haut gelaf.
Mir sen du mat 3 Tuktuken Richtung Vue op den Zockerhut gefuer an du laanst d'Küst virun bis be d'Montagne des Français wu mer 2 Baobabeb bewonnere konnten. Du virun op eng Plage, wu mer eis am Waasser besse ofgekillt hunn. Mir sen dunn zréck op den Hafe gefouert ginn. Mir ware nach net laang do ( et war 13:00 Auer) du kumm eng déckt Donnerweder, dat awer 2 Stonnen ugehall huet.