( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
Moies em 7:00 Auer kumm de Pilot u Bord a mir se gemitlich an d’Bucht vun Allerheelgen ( entdéckt den 1. November 1501) ragefuer op den Hafe vu Salvador zou. Mir haten en Tour vum Scheff, den eis ab 10:00 Auer laanst d’Meer Richtung Westentree vun der Bucht bei de Leuchtturm gefouert huet. Mir senn dunn duerch deen neien Deel Salvador an déi historisch al Stad gefuer. Do se mer dunn zu Fouss mam Guide duerch Pelourinho (Alstadquartier) getreppelt a kruten déi wichtigst Gebeier a Plazen erklärt. D’Stad besteet aus engem ennischten Deel, laanst d’Meer an engem ewichten eng 72 m mi hi. Hei haten sich déi verschidden Eroberer och breet gemaach. Al déi bedeutend katholisch Kongragatiounen haten sich hei etabliert a Kliester a Kiirche gebaut. Et gett iwer 300 Kiirchen.
Déi meest guffen am 18. Jarhonnert gebaut; eng vun hinnen ass déi am portugiesiche Barock gebauten Franziskus Kiirch mam Kluster a sengem Kreigank. Hei sen eng 36 000 weiss-blo Plättercher vebaut fir eng 37 Paneeler ze maachen, déi Biller aus der Mythologie duerchstellen an och moralisch Regelen. Aner ähnlich Paneeler mat religiöse Motiver sen an der Kiirch an an de Gäng. Am Ganze guffen eng 50 000 Azulejos (Plättercher) gebraucht.
D’Kiirch selwer ass phantastisch. Kuck d’Biller!
Mir gungen du nach bessen duerch d’Gaassen vun der Alstad; dunn och nach an den neien Deel. Du hu mer nach déi 2 Verkiersmëttelen, déi den ënnischten Deel mat dem ewichte vebannen ausprobiert: de Lacerda-Lift an de Funikulär.