( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
2. letzt Etapp op eisem Tour:
Em 8:00 ware mer zu Le Havre. Hei sen och rem , wi zu Southampton well, vill Lett vum Scheff gaangen. Et kummen awer och all Kier Neier ran.
Ech se geent 10:00 Auer mam Shuttlebus iwer 3 km bis an den Zentrum gefuer, op place Perret. De Perret war den Architekt, de nom Krich, wi den Zentrum total zebombt war, d'Stad nei geplangt huet. Betonsheiser am 50er Stil, nei Gemengenhaus, Kiirch St Joseph, grusszügig Plazen, Parkinger.
Ech gung mol d'ischt rop bei den Hôtel de Ville mat senger gruuser Plaz mat Waasserspiller. An der Gemeng war eng Ausstellung mat Plakater aus der 2. Weltkrichszeit. Et gung virun iwert Place Perret zréck bei de Bassin de Commerce (fréier Anliegeplaz vun de Scheffer) mat sengem Krichsmonument an engem Kulturzentrum "Volcan" genannt.
Richtung Seine kumm ech du nach bei der Kathedral "Notre Dame" laanst. Un der Seine steet d'Monument "Catène des conteneurs". Ech gung dunn zréck rop an d'Stad bei d'Kiirch St Joseph. Ganz aus Beton (7 000 t Stol a 50 000 t Beton) ennerbrach mat farwigwen Glasfensteren (12 768). Baussen ass se 107 m hi, bannen am Turm 84 m.
Den Alter steet an der Mett ennert dem Turem an d'Still stinn ronderem.
Durch de Bd François 1ier gung ech bei d'Kiirch St Vincent; huet e flotte Parvis am Hank mat engem Waasserspill a enger spezieller Statu.
Du gung et biergop bei den ale Fort. Hei ass lo e fantastischen botanische Gaart integriert ginn. An der Festung stin Zären an denen ganz vill Biotopen duergestallt senn. Op Platbanden wuessen honnerte vu Planzen, all mat Numm. Ronderem op dem Wall vun der Mauer senn an all Eck Planzen aus engem aneren Aerddeel ugeplanzt. Et get och e Ruseneck, e Steegaart, Beeter mat Meschunge vu Blumen a Geméis. No 2 Stonnen hin an her treppelen sen ech du rem rof an d'Stad gaangen bei de Shuttlebus an zréck bei d'Scheff gefuer, wu ech em 16:00 rem ukumm.