( Overview
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024
3 Etappen vu Southampton aus:
- Stonehenge: Iwer Salisbury se mer Moies em 9:30 op Stonehenge gefuer. Et huet gereent an et war kal. Zu Stonehenge hu mer voller Staunen déi megalitisch Struktur vun alle Seiten ugekuckt a bewonnert.
- Salisbury: Am Abrël 1220 ass de Bau vun enger Kathedral am gotische Stil ugefaange ginn. Duerno kum nach engt Kluuster derbei. D'Kathedral huet den héchsten Turm aus England 123 m hi. Am Kapitelsall ass eng vun den 12 Kopien vun der Magna Carta ausgestallt. Am Sall get och d'Entsteeung dovun erklärt: 1215 huet de Jean sans Terre eng ganz Rei Rechter un d'Vollik ofginn; déi sen hei an Handschreft no Kapitelen opgefuert. Vum Original duerf e keng Photo maachen.
- Duerch de New Forest, e Besch, den de William the Conquerer als Juegdbesch benotzt huet an den als Naturschutzgebidd ausgewisen ass, se mer zréck op Southampton gefuer, wu mer em 15:00 bei der Mauer vun der Al Stad rausgeloss guffen. Am New Forest kennen d'Kéi, d'Schwein, d'Eselen, d'Ponnien frei remlafen. Ennerwee bei e Bauer, bei den eis Guide- a Chauffeurmadame Eer ofhuele gaangen ass, stung een Esel matten op der Stroos an ass guer net bougiert wi d'Autoe kummen.
- Mir sen du nach duerch Southampton getrëppelt: gruusse Maritimmusee, gruusse Park, eng Rei Kiirchen, Fousgängerzon, Iwerrester vun der Stadmauer aus dem Mëttelalter an den Al Stad Kär mat puer ale Fachwerkheiser.