Close map
/ Weltreise 2024 vom 7.1.-2.5.2024

Liverpool, 26. Abrël 24

Vereinigtes Königreich
Moiestour
Moies se mer zu Liverpool iwert d'Docks getreppelt; Hei war vum 17. bis Mett 19. Jaarhonnert vill Betrib. Si hu mam Sklavenhandel an Import vu Wueren aus dem Orient hirt Geld gemaach. Dat geseit een och un de villen aus Stee gebauten Heiser um Hafen awer och an der Stad. D' Lagerhalen vun den Docks senn hett all bannenan emgebaut: Bistroten, Restauranten, Buttiker, Ausstellungen sen do ennerbruecht. No engem klengem Abstecher ran an d'Stad hu mer ab 12:00 Auer een Tour mam Bus duerch d'Stad an d'Viiruerte gemaach. Et gi vill Parken do, Museeën, Monumenter an da virun allem d'Beatles, déi jo vun do kommen. Mir waren an der Penny Lane, déi di aner Seit vum Soften Park leit, am Viiruert, wu de John Lennon gewunnt huet.
Ab 15:00, nom Bustour, se mer nach eng Kier zu Fouss an d'Stad gaangen, fir eis déi Saache, wu mer laanst gefuer waren, nach eng Kier unzekucken a ware just mat Zeit em 17:30 beim Scheff fir den Départ em 18:00 Auer.
Waterfront
Beatles
Trockendock
Pompelhaus fir d'Docks eddel ze maachen
Albert Docks
Viktoria Monument
Castle Stree mat City Hall
beim Cavern Club
St John's Garden
Musee
kath. Kathedral
Penny Lane

Liverpool

That could interest you too

*